Flunkernews 02/23 vum Serge Olmo

Inklusiv Schrëft: Et ass ëmmer méi Usus datt een inklusiv schreift besonnesch wann een Annonce mëscht fir Personal ze sichen. Zum Beispill sicht een een oder eng Coiffeur∙euse oder een oder eng Educateur∙trice...Et ass allerdéngs erstaunlech datt een ëmmer seet d’Schrëft ass inklus-Yves an et seet ee ni si wier inklus-Yvette. 

Drive-In: Et ginn der ëmmer méi. Et kann een natierlech an de Drive-In fueren fir Iesse sichen ze goen oder anzekafen. A Covidzäit konnt een sech an e puer Länner esouguer do impfe loossen. Et gi nach vill Projeten. Vum 23. Januar bis de 4. Februar ass Autosfestival bei eis. Fir den Autosfestival sinn erstaunlecherweis keng Drive-Inne virgesinn. 

3 Kinnekskuch: Et ass eng Traditioun déi an England net méi esou populär war bis dëst Joer. Den «3 Kinnekskuch» war dëst Joer vill méi In well England elo e «Kinnek» huet an en plus ass et den Charles den «3.». 

Argentinien Weltmeeschter: Fussball war scho bal eng Relioun an dem Land. Nom Titel ass de Lionel Messi nach méi ugehimmelt ginn. Fussball a Chrëschtentum dat passt dohannen. Esouguer dem argentinesche Poopst Jorge Mario Bergoglio säi Numm gëtt jo Ber-Gol-io gelies. 

Natierleche Schnéi: Verschidde Schi-Statiounen wëllen hire Clienten nëmmen natierleche Schnéi ubidden wat awer ëmmer méi schwéier gëtt. Munch pazifistesch Responsabel, vun deene Schi Statiounen, wëllen aus Iwwerzeegung keng Kanounen benotzen, mee si riskéieren dann ouni Schnéikanounen guer kee Schnéi ze hunn. Si wieren dann Pas-ski-fisten.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...