Flunkernews 03/23 vum Serge Olmo

Geheimdokumenter: Nom Donald Trump soll och den Joe Biden onerlaabt Geheimdokumenter doheem stockéiert hunn. Et gëtt dru geduecht, Hënn drop ze trimmen, Geheimdokumenter ze sichen. D'Pabeieren, déi d'Hënn da fannen, sinn Dog-kumenter. 

Manifestatioune géint d’Rentereform: Bei eisem Noper Frankräich waren dës Woch ronn zwou Millioune Persounen op der Strooss. D’Regierung weess net méi richteg wat maachen. Vläicht soll een déi ganz Natioun froen an dat mat engem Refe-Rent-um ?

Schnéikanounen: Et ass wéinst dem Klimawandel mëttlerweil ganz wéineg Schnéi op ganz ville Wantersportplazen. D’Géigende sinn dacks ganz gréng mat enger wäisser Sträif dran. Wann een hautdesdaags zum Beispill vu 4 Meter Schnéi schwätzt dann ass dat zimmlech sécher d’Breet vun der Pist an net d’Schnéicouche. 

Weltwirtschaftssommet zu Davos: Ronn 50 Staatscheffe si present a ganz vill Multimillionären. Ronn 10.000 Polizisten a Gendaarme sinn op der Plaz, fir dës ze protegéieren. Obwuel ganz vill extrem "räich" Leit do sinn, sinn iwwerraschenderweis awer méi Gend-"Aarm"-en op der Plaz.

Schnéiketten: An de meeschte Schi-Statioune sinn d'Schnéiketten jo obligatoresch obwuel phaseweis iwwerhaapt keen Schnéi do läit oder nëmme minimal. Vu datt et ëmmer méi mince gëtt mam Schnéi, sollen et geschwënn Wanter- a Summerschnéikette ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...