Flunkernews 04/23 vum Serge Olmo

Ëmmer méi laang Waardezäiten um Telefon: Bei villen Administratiounen an och bei verschiddenen Doktere kéint een, fir Zäit ze gewannen, bei dee richtegen Operateur dirigéiert ginn, zum Beispill duerch Froen wéi: Ass et fir e Rendez-vous dann dréckt 1, ass et, well Dir houscht dann dréckt 2, hutt dir Féiwer dann dréckt 3...An da gëtt et méi präzis: Houscht Dir op Lëtzebuergesch dann dréckt 1, Houscht Dir op Franséisch dann dréckt 2... 

Däitschland ënner Drock: Déi lescht Deeg war den däitsche Kanzler vun alle Säite gedréckt ginn am Kontext Panzerliwwerungen. Verschidde Schistatiounen hunn net vill verstanen an hunn och den Accord vun Däitschland gefrot, fir Schnéikanounen dierfe geliwwert ze kréien. 

Handball WM a Schweden a Polen: Dës Natioune fäerten, als Länner an der Ëmgéigend vu Russland, och vläicht ugegraff ze ginn. Dofir hat déi international Federatioun virgesuergt an huet 2 Länner virgesi fir d’WM. Wa nämlech Russland ee Land géif ugräifen, da kéint nach an deem anere gespillt ginn. 

Rentereform a Frankräich: ënner anerem well d’Liewenserwaardung méi héich ass, hu vill Länner de Pensiounsalter eropgesat. A Frankräich ass d’Oppositioun riseg an Millioune Leit goungen op d’Strooss. Wéi d’Regierung viru Méint d’Atomzentrale méi spéit an d’Pensioun geschéckt huet, ass keen op d’Strooss gaangen obwuel dat d’Liewenserwaardung kéint erofsetzen. 

D’Joer vum Hues a China: Elo kuerz hunn d’Chinesen, natierlech dohannen awer och hei, dat neit Joer gefeiert. Den 9. Februar 2024 hält d’Joer vum Hues op an dat grad déi Deeg wou bei eis d’Fuesvakanz ufänkt. Do kann ee wuel vu «F-Hues-end» schwätzen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...