
Liichtmëssdag: a verschiddene Gemenge waren allerhand vill Politiker mat liichten. Dat huet bestëmmt näischt mam Waljoer ze dinn.
Valentinsdag fir all Alter: An enger Koppel vu ganz ale Leit wollt de Mann senger Fra en neit Gebëss kafen fir de 14. Februar. Hien huet fonnt dat wier de richtege Kaddo fir Zänn Valentin.
Rise Chaos: No der Damme Basket Halleffinall T71 Diddeleng géint de Gréngewald Hueschtert hat den T71 no der Partie 1 Punkt méi wéi de Géigner. Et gouf allerdéngs en technesche Feeler festgestallt an Diddeleng krut 2 Punkten ofgezunn. Deen Owend goufen et an der Forge du Sud Vitesskontrollen. Anscheinend goufen d'Diddelenger Spillerinnen geblëtzt a kruten och do 2 Punkten ofgezunn.
Pensiounsreform a Frankräich: De Pensiounsalter soll jo vun 62 op 64 Joer erop goen. A verschiddene Länner wou d'Kanneraarbecht leider vill praktizéiert gëtt, gëtt driwwer geschwat datt de Mindestalter fir d'Kanneraarbecht vun 62 op 64 Méint erop gesat gëtt.
e-Bichelchen: Zanter der Rentrée ass d'e-Bichelchen an de Schoulen en Thema am Kontext Hausaufgaben. An den Hondsschoulen wëllen si nozéien, fir d'Hënn doheem Exercicer maachen ze loossen. Et wier an deem besonnesche Fall "d'Leckerle-Bichelchen".
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...