
Weltdag ouni Handy: Schonn zanter Joren ass dësen de 6. Februar. Et war deemno e bëssen erstaunlech, datt grad op deem Dag eis Autoritéiten a verschiddene Géigenden eng Warn SMS op den Handy geschéckt hunn.
Aarbechtsvisitt: Déi finnesch Premierministesch an hir Delegatioun ware richteg gutt empfaangen ginn a waren frou, datt hir Visitt als esou wichteg ugesi gouf. Si hunn dat appreciéiert, datt, wéi si als «finnesch Delegatioun» laanscht de Fluchhafen gefuer sinn, op ville Plaze "Fin Del" stoung.
Kavalkaden: Déi nächst Deeg a Wochen feieren dausende Leit, op verschiddene Plazen uechtert d’Land, d’Fuesent. Warscheinlech wäerten all eis Kandidaten fir d’Gemengewalen sech an hire Gemengen wärend de Cortègen weisen. Fir si kann een deemno vu Ka-Wal-kade schwätzen.
Geschwënn Buergbrennen: Et ass dach e bëssen iwwerraschend, datt bal keng Gemeng d’Freedefeier op Silvester erlaabt hat, awer quasi iwwerall Buergbrennen organiséiert ginn. D’Frënn vun de Silvester Feierlechkeeten iwwerleeën um leschten Dag vum Joer, d’Festivitéiten net méi als Freedefeier ze betitelen, mä als Freedebrennen.
Véierte Mobilisatiounsdag: Et gëtt a Frankräich nees géint déi geplangte Rentereform protestéiert. Ee Beruffsstand kann d’Reform absolut net verstoen. D’Giischtercher fannen dat komplett onlogesch, datt grad am Prisong, wann ee sech jorelaang gutt behëlt, 2 Joer méi laang am Prisong muss bleiwen...
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...