Flunkernews 7/23 vum Serge Olmo

Streikland: Wier et net eng Iddi, well et a Frankräich eng Onmass Protester gëtt, datt d’Post fir d’Joer e Kalenner géif produzéieren, mat de geplangte Streiker? Den Hellegen, deen een am meeschte géif erëmfannen, wier de St. Dicat.

Amerikanesche Fluchraum: Et goufen déi lescht Zäit verschidden Objeten am amerikaneschen Himmel ofgeschoss. Et fäert een, datt d’Leit dohannen ëmmer méi panikéieren. An Amerika ass ee virbelaascht a no den Amokleefer fäert een elo d’Amokfléier. 

Ressourcen opgebraucht: Op Vältesdag a schonn no 45 Deeg waren all d’Ressourcen opgebraucht, déi hei zu Land produzéiert ginn fir 2023. De kloer schlechtste Bilan vun allen Länner huet awer de Katar dee scho 14 Deeg virdrun d’Ressourcen opgebraucht hat... awer anscheinend scho fir 2024. 

Rush an der Wäschanlag: D’lescht d’Woch hat ech e puer mol probéiert, an enger Wäschanlag bäizekommen. Et war quasi eng Saach vun der Onméiglechkeet. Wéi ech bäikoum hunn ech dee viru mir gesinn mam "Réckgang" an d’Wäschanlag fueren an hunn hie gefrot wisou. Hie sot, datt hien haut keng Zäit hätt eng "Vir-Wäsch" ze maachen an deemno wier hien "hannerzeg" gefuer... 

Grousse Spektakel: D’Rihanna hat an der Paus vum Superbowl d’Leit zimmlech begeeschtert an d’Spectateuren an d’Spiller ware prett fir den 3. Quarter. Mir sinn nodréiglech gewuer ginn datt hat och am 3. Quarter vu senger Schwangerschaft ass.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...