Flunkernews 08/23 vum Serge Olmo

TikTok: Et ass elo kuerz bekannt ginn datt an Zukunft Mataarbechter vun der EU-Kommissioun keen TikTok méi dierfen op hirem Déngschthandy drop hunn. Fir d’Britten ass dat, den éischten Virdeel deen ee bei hinnen huet, zanter dem Brexit.

Buergbrennen: Dëse Weekend ginn dës quasi iwwerall am Land organiséiert. E Méindeg wäerten sech verschiddener Congé extraordinaire froen fir bei Familljememberen ze bleiwen déi sech méi oder wéineger liicht um Buergbrennen verbrannt hunn. D’Längt vum Congé extraordinaire hänkt dovun of ob een um 1. oder 2. Grad verwandt ass mat der Persoun an net ob d’Verbrennung vum 1. oder 2. Grad ass.

Trauerspill: De Kremlchef huet op «Fetten Dënschdeg» seng Ried zur Lag zu der Natioun gehalen. Dat wat gesot gouf huet phaseweis gutt zu der Fueswoch gepasst well Villes eng Farce war. Op mannst war gutt organiséiert datt d’Ried um «Mardi gras» an engem Kon-graisse-zenter zu Moskau war.

Ofhängeg: Et ass an enger Studie erauskomm datt verschidde Kéiszorten immens ofhängeg maachen, wéi Gouda, Mozzarella an Emmentaler. Munch Patienten ginn dowéinst bei Psychotherapeuten haaptsächlech elo wou d’Consultatiounen rembourséiert ginn. Et ginn definitiv méi Leit wéi mir mengen mat Em-mentale Problemer.

Dréchent: Fir de Summer hunn elo schonn bei eisem Noper verschidde Gemengen op der Côte d’Azur annoncéiert datt een am Summer nëmmen minimal Quantitéiten Waasser dierf benotzen zum Beispill fir d’Schwemmen ze fëllen. D’Touriste mussen oppassen net datt verschidde Proprietären, fir dat z’ëmgoen, méi Chlor wéi Waasser an d’Schwemme wäerte schëdden.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...