Flunkernews 09/23 vum Serge Olmo

Tripartite: Den 3.3. sinn déi 3 Partner nees zesummen mat engem groussen Ordre du jour. Kee Wonner datt déi Tripartite zu Senn9 programméiert gouf.

Andauernd opgerappt: Uechtert d’Land ginn enorm vill Stroossen opgerappt an et sinn eng Hellewull Deviatiounen gezeechent. Wéi duerch e Wonner wäerten déi meescht Aarbechten awer fir d’Gemengewalen fäerdeg sinn well et ëm wichteg „Stëmme“ geet.. D’Voirien an de Gemengen sinn dowéinst richteg gefuerdert. Déi Wochen virun de Walen wäert sech op de Gemengen alles ëm d’Voix-rien dréien.

Medikamente Manktem: Den LCGB huet an engem Communiqué op deen Zoustand higewisen. Et ass een iwwerrascht datt eng Gewerkschaft dat opgräife muss. Anscheinend soll bei de Festlechkeeten um Dag vun der Aarbecht déi Thematik e groussen Sujet sinn. Et kéint en groussen 1. Mee-Dikamenter Cortège ginn.

Weekend vun de Buergbrennen: E Bekannten huet grad dee Weekend säi Gebuertsdag gefeiert. A Plaz säi Kuch mat Käerzen ze dekoréieren krut hien eng kleng Buerg gebastelt fir säi Kuch déi hien ugestach huet an ausgeblosen huet. Dat war en originellen GeBuergdagskuch.

Accord vun 11 Länner: Nieft eisem Noper Frankräich hunn 10 aner Natiounen en Accord fonnt fir datt d’Atomkraaft e positiven Effekt soll hunn am Kontext Klimawandel mee och fir Dekarbonéierung z’ënnerstëtzen. An d’Jodpëllen déi ee soll huelen am Fall vun engem Accident, wäerten déi dann och an deene Länner als homeopathesch Mëttel ugesi ginn?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...