D'Flunkernews vum 11. Mäerz

Warn-SMS: Déi lescht Deeg krut een am Süde vum Land als Test, also ouni datt eppes Schlëmmes schif gelaf ass, eng Warn-SMS geschéckt. Den Text an där SMS ass ëmmer just mat grousse Buschtawe geschriwwen also muss een d’Tast Shift gedréckt hunn. Am Fong mëscht dat Sënn well am Eeschtfall kritt een eng Warn-SMS geschéckt wann eppes Schlëmmes "Shif-"“ leeft…

Gelongene Gebuertsdag: Deen Dag vum Tripartitesaccord hat de Premier e ronne Gebuertsdag. Ob hie 50 Käerzen um Kuch hat wësse mir net. Traditionell ginn d’Käerzen, déi aus "Wuess" sinn, laut enger Ëmfro bei deene Jonken an de Kuch gestach bis si ronn 20 Joer kréien an dono gëtt et dat manner. Ass dat de Fall well si dono net méi "wuess"-en?

Debatten am Kontext Tripartite: Et freet ee sech firwat ronderëm d’Tripartite den "Index", an zwar de Fanger tëscht dem Daumen an dem Mëttelfanger, ëmmer esou am Mëttelpunkt steet. Dës Kéier war kuerz nom Accord net den Index, mä éischter de Mëttelfanger méi am Mëttelpunkt.

Ganz vill Deviatiounen: Op enorm ville Plazen gëtt geschafft an et muss ee ganz vill duerch Deviatioune fueren. Op munche Plazen fänkt et richteg u komplizéiert ze ginn wann et ufänkt, datt et an den Deviatioune nach Deviatioune ginn.

3 Joer Gratuitéit: Am ëffentlechen Transport gouf dee Gebuertsdag jo viru Kuerzem gefeiert. En aneren Thema am Kontext Gratuitéit sinn d'Verhiddungsmëttel. Vläicht kaschten déi eis och geschwënn näischt méi? Dat géif zu dem aneren Thema passen well et jo hei och ëm Verkéier geet.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...