
Penurie an den Apdikten: Ech wollt haut Sirop kafen a nees krut ech gesot datt ganz vill Medikamenter, an haaptsächlech Houschtsirop oder aner Medikamenter géint d’Erkältunge, géife feelen. Wann dat esou weider geet, wäerte bestëmmt fir déi nächst Feierdeeg déi kommen nach ëmmer vill Leit houschten. Et riskéiert e richtegen H-Ouschteren ze ginn...
Visitt a Lettland: Um leschten Dag vun der Staatsvisitt mat Grand-Duc, Ausseminister an Wirtschaftsminister war eis Delegatioun den nationalen Rehabilitatiounszenter kucken. Do wier bei där Visitt vum Rehazenter vun de Lette-n ubruecht gewiescht datt d’Gesondheetsministesch Pau-Lette Lenert och dobäi gewiescht wier.
Russesch Athleten op den Olympesche Spiller? Dësen Thema gëtt ëmmer méi aktuell. Ganz vill Natiounen si wéinst dem Krich an der Ukrain kategoresch dogéint. De belarusseschen Olympesche Comité géif dat begréissen a wäert geschwë proposéieren och déi bescht Athleten vun der paramilitärescher Wagner-Grupp fir d’Spiller ze selektionéieren.
Boergeld soll bleiwen: Dat huet d’Regierung déi lescht Deeg garantéiert. Dëst obwuel ëmmer méi Leit an haaptsächlech déi Jonk ouni Boergeld bezuelen; zum Beispill mam Telefon. Ech kennen der e puer déi mengen datt déi rare Telefonskabinne déi et ginn, e bësse wéi Bankomater, do wieren fir mam Telefon kënne Suen op ze hiewen.
Google Datenzenter: Anscheinend ass de Projet vu Google zu Biissen op Äis geluecht ginn. Déi Geschicht zitt sech elo schonn esou laang. Ech hu bal d’Gefill datt dat fréier, an eiser Kult-Emissioun déi Sonndeg gesent gouf, schonn driwwer geschwat gouf. Besonnesch déi Jonk wäerten awer d’Emissioun «Hei Elei Google Hei» net méi kennen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...