
Trennung vu Kierch a Staat a Congé parental: Dat sinn di zwee Punkten wou d’Regierung am Offensiivsten ass. Et goufe jo nei Reliounartikelen, déi d'Poaren betreffen, an der Chamber gestëmmt. Wéi gesäit d’Familljepolitik fir d’Kierchememberen aus? Gëtt et do och eng grouss Flexibilitéit am Congé poar-rental ?
De Poopst op de Philippinen: De Poopst François deen op de Philippinen viru Millioune Leit geschwat huet huet sech och solidaresch gewisen mat den Karikaturisten vu Charlie Hebdo. Muenchereen hätt sech vum jesuitesche Poopst erwart hie géif eng Affiche weisen mat « je suit Charlie ».
Handball WM am Katar: Et ass di éischte Kéier datt d’WM an dem Emirat organiséiert gëtt mat de verschiddenen Contrainten déi et an engem islameschen Land ginn. Verschiddener schwätzen och net vun Halen Handball WM mä vun Halal Handball WM.
Gilles Muller bei den Australien Open: Parallel zum Grand Slam Tournoi zu Melbourne ass zur selwechter Zäit d’Meeschterschaft vun deenen déi Crustacéen an d’Mollusquen am Beschten opkréien wéi d’Mullen a virun allem d’Austren. D’Lëtzebuerger froen sech ob eise “Mulles” bei den Austrenalien Open matmécht.
Virwëtz a Solidaritéit: Nodeem wat zu Paräis geschitt ass gi ganz vill Turisten op d’Plazen vun den Attentater kucken. Déi Turisten kënnen an der grousser Majoritéit zwar net molen mä si fillen sech awer Karika-turisten.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...