
Autofestival: Am Fong wëll keen Autoen kafen aus der Expo - ausser d'Taxichaufferen, well si gewinnt sinn, Autoen ze hunn, wou ganz vill Leit dra souzen.
Handball-WM am Qatar: Op den Tribüne sëtze bei de Matcher vum Qatar ganz vill Leit mat hirem traditionellen "Duch" um Kapp. Well et jo Handball ass, dann ass dat, wat si um Kapp hunn, bestëmmt en Handduch ...
Keng Ministerin an der neier griichescher Regierung: De Premier Tsipras wëll prioritär di griichesch Economie op d’Schinne kréien. Di ganz Welt wonnert sech, firwat keng Fra Ministerin ass, a freet sech, wéi dat da soll goen ouni Grii-schinn.
Bravo Mulles: Et ass verdéngt, datt de Gilles Müller um Haapt-Terrain gespillt huet, en plus ass dat normal, dat e Lëtzebuerger an der « Rout Léiwen Arena » géint den Djokovic konnt untrieden.
Tennis Open: Den aktuellen Tournoi ass d’aus-open. De leschte vum Joer war d’us-open. Di Tournéier hunn di national Autoplacken-Zeechen als Numm, well Autosmarken d'Haapt Sponsore sinn. Och di Däitsch wëllen dat mat hirem gréissten Tournoi esou maachen, mä den Numm d-open ass net grad cool. D'Qatari wéilten dat och esou organiséieren, mä den Numm Q-open ass och net topp.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...