Policeasaz géint radikal Islamisten : Di lescht Deeg war dat zu Péiteng de Fall. Et koum och eraus datt der 6 vun Esch, der Stad vun der Buergermeeschtesch Vera Spautz, elo Djihadiste gi sinn. Ënner der Buergermeeschtesch vu virdrunn, dem Lydia Mutsch, goufen et keng Djihadisten mä aner Kämpfer fir de Glawen an zwar Mudschaheddin.

Och Meeschterprüfung a Gefor ? De Minister huet definitiv Problemer mat de Proffen vun den Terminalklassen.  Am Beräich vun den Handwierker sollen et elo och an den Ofschlossexamen Protestaktiounen ginn; dat also am Kader vun hirer Meisch-terprüfung.

Liichtmëssdag am Viséier vun Trennung vu Kierch a Staat: Et ass eng deelweis kierchlech Traditioun déi leider net di aner Religiounen integréiert well am Lidd « Léiwer Hergottsblieschen », wou et Speck an Ierbesse gëtt, si ganz kloer di moslemesch Gleewech ausgegrenzt well déi jo « sans porc » iessen.

Autofestival a Carnaval: Den Autofestival ass traditionell ëmmer ëm d’Carnavalsperiod. D’Leit verkleede sech fir esou chic wéi méiglech ze sinn am Garage. Sech ëm Carnaval ze verkleeden fir d’Autoen ze kucken huet definitiv eppes mat Fuer-send ze dinn.

Den Dirk Bockel aus dem Verband ausgeschloss: D’Grënn wisou eise beschten Triathlet ausgeschloss gouf iwwerraschen een. Esou huet een hien nämlech net kannt. Hien huet elo seng Mask ausgedoen an dem Verband säi richtegt Gesiicht gewisen. Grad ëm dëst Joreszäit ass hien e Fuesbokel.

AUDIO: Flunkernews 5/15 vum Serge Olmo.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...