
Sommet fir d’Ukraine: De Sommet mat Merkel, Putin, Hollande an Porochenko war jo zu Minsk wou sech stonnelaang ënnerhale gouf. Kee Wonner datt et a Wäissrussland war well de President jo Alexander Lukrainchenko heescht.
Kris a Griicheland: Wéinst de ville Réuniounen an dem Kontext konnte vill skifanatesch Politiker net an de Colorado fueren op Ski WM. Fir si war éischter "Beaver Greek" ugesot.
Swissleaks: Bei eis zu Lëtzebuerg war di Deeg wou vill iwwer Swissleaks geschwat gouf d’Enttäuschung ganz grouss datt Lëtzbuerg 1940 d’Matschold hat fir d’Deportatioun vu Judden. Mer waren net esou vun de Swissleaks choquéiert mä iwwert d’Auschswissleaks. Weg; ni méi esou eppes‼‼‼
Affär vum Hotel Carlton zu Lille: Den DSK ass am Mëttelpunkt vun dem Prozess wou anscheinend den ex President vum FMI mat 7/8 Fraen a Meedercher sexuell Aktivitéiten matorganiséiert soll gehaat hunn. Di Leit déi an dem Hotel waren konnten op jiddwerfalls feststellen datt de Réseau ganz gutt war besonnesch de “huit filles”.
Katar a Naturalisatioun: An dem Land gëtt vill naturaliséiert. Dat war besonnesch op der Handball WM de Fall. Am Frankräich sinn d’Katari och am Gaangen mat verschiddenen Entreprisen vu natierlechem Mineralwaasser dat selwecht ze maachen wéi Vittel, Contrex, Évian…Dat ass am Fong kee Wonner d’Mineralwaasser wëllen ze naturaliséieren.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...