Grausam Attentater zu Kopenhagen: Aus Solidaritéit kinnt een eng Affiche maache mat: « je suis Charlie, je suis Dan, je suis Mark ».

Wafferou an der Ukraine: Di Ukrainesch Truppen an d’Prorussen sichen Alibien, fir hier schwéierst Waffen net mussen ofzeginn. Si soen, datt well Schnéi läit an d’Stroossen esou glat sinn, d’Autoe muss mat Ketten fueren. Eng besser Stroosselag wéi d’Autoen mat Ketten hunn d’Panzeren, dofir mussen déi bleiwen... 

Griicheland ganz no lénks geriicht: Bei der Wahl vum Tsipras als Premier hunn d’Hellenen, a virun allem d’Fraen, gewisen, datt si politesch ganz no lénks geriicht sinn an d’Aarbechterklass wëllen an de Mëttelpunkt stellen; e bësse wéi soss a Russland. Eng griichesch Fra, déi fir d’Aarbechterpartei ass, ass eng He-lenine. 

Schaum-Spray an eisem Football: Vun elo u gëtt also beim Fräistouss virun der Mauer e wäisse Stréch gezunn. Bis elo gouf et ëmmer vill Diskussioun, ob et en direkten oder indirekte Fräistouss ass. Vun der Reprise un ass et egal wéi e Linn-direkte Fräistouss, mä beim Fussball bleift et ëmmer bei vill GeSpray-ch.

Suite vun der Luxleaks Affär: 4 Belsch Nationalspiller hunn iwwer eege Sociétéite Suen zu Lëtzebuerg verdéngt. Et muss ee scho bal e Courtier sinn, fir dat ronn ze bréngen. De Bekanntste vun den Diables Rouges an der Luxleaks Affär ass jo och den Thibaut Courtier.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...