McDonald's huet vun eisem System profitéiert: Di gréisst Fast-Food-Chaîne huet ganz vill Steiersuen hei gespuert. Dat, wat hinnen am meeschten abruecht huet, nieft dem Hamburger, dem Fishburger an dem Cheeseburger, war bestëmmt de Fiscburger.

AUDIO: Flunkernews 8/15 vum Serge Olmo

Islamesche Staat: Nodeem se Geisele geholl hunn, goufen dës ëmbruecht a mutiléiert, elo hunn se och Skulpturen am Irak komplett futti geschloen. Bleift elo nach, datt si wäerten d’SKulpturen als Geisel huelen. Op jidder Fall no hiren Aktiounen zu Mossoul sinn si och Sculp-tueuren.

Atomzentralen an der Belsch mat Fissuren: Et sinn nawell grouss Fissuren an den Atomzentralen net wäit vun eis ewech. D’Lëtzebuerger fäerte mat Recht, datt di Atomzentralen net ganz dicht kinnte sinn. Deementspriechend waren 2 Ministerinnen op d’Plaz; ënner anerem d’Carole Dicht-bourg.

Éischt Profivictoire vum Ben Gastauer: De sympathesche Vëloprofi war am Tour du Haut-Var den Éischten. Hie schwätzt net vill mä bréngt Leeschtung. Et war jo och den Tour du Haut-Var a net du bavard … 

Césaren 2015: Den Haapt-Gewënner war de Film Timbuktu vum mauritanesche Realisateur Abderrahmane Sissako. Hie kënnt aus engem Land, wou ganz vill verschidden Nimm a senger Geschicht hat. Di Epoch, wou d’Land richteg mächteg a bekannt war, huet et Mauritanie Césarienne geheescht. Elo no der Victoire bei den Césaren ass d’Land nees an de Schlagzeilen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...