
Davis Cup : D’Spiller vu Madagascar Jacob Rasolondrazana, Antso Rakotondramanga an Tony Rajaobelina hunn esou laang Nimm datt och wann de Match an 3 Säz färdesch war, een awer 5 Säz gebraucht huet.
Harrison Ford blesséiert: Grad deen Dag wou den bekanntsten Archeologue Indiana Jones e Fligeraccident hat, haten d’Terroristen vum Islameschen Stad wichteg archelogesch Sitten komplett vernicht. Wann dat keen Zeechen ass…
Mëllechproduiten: 2015 ginn d’Mëllech Quoten an Europa an hei am Land ofgeschaf. Laut Declaratiounen vun eiser Familljeministesch verschwënnt vläicht dëst Joer och de Congé Allaitement hei zu Land.
Visite vum President Hollande: 2 Themen goufen haaptsächlech vun eisem Premier an vum prominente Gaascht ugeschwat an zwar d’Kris a Griicheland an d’Relatiounen mat Athen esou wéi di ganz geféierlech franséisch Atomzentral no bei Lëtzebuerg. Et gouf also vill iwwer
C-Athenom geschwat.
AFP besonnesch a Frankräich a Fro gestalt: D’AFP huet geschriwwen datt den Martin Bouyges op d’Begriefnis vum Boris Nemtsov war. Et huet kee Media sech getraut dat ze publizéieren.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...