Keen Davis Cup fir de Gilles Müller: Eis Nummer 1 spillt dëst Joer net méi fir Lëtzebuerg. Et ass deemno onméiglech weider ze kommen well di gebrauchten 3 Punkten wieren vun him komm. Beim Gilles Müller ass nämlech bei Gilles 1 Punkt um “i” an et sinn 2 Punkten um “u”.

Visite bei Frënn: Grad elo wou iwwerall am Land Kapesëtzungen waren a faarweg Hitt a Kapen tromp waren, war di Groussherzog um Kap Vert. Dat eent ka jo näischt mat dem aneren ze dinn hunn…

De President Juncker well eng europäesch Arméi: D’Buedemarméi géif schéin deier ginn esou wéi d’Aviatioun mä virun allem d’”Marine” well vill Memberen vum Front National bezuelt ginn a si schaffe net fir Europa.

Mëllech ass net in: Nodeem di lescht Deeg gesot gouf datt an Europa an zu Lëtzebuerg d’Mëllechquoten verschwannen hat d’Familljeministesch jo ugedeit de Congé d’Allaitement ze sträichen. D’Regierung kinnt och de President vum Fond de Logement Daniel Miltgen ofsetzen.

Destructioun vun historeschen Objeten: Boko haram an den Islamesche Stat wëllen zesummekommen fir hir terroristesch Aktiounen. Et gëtt gesot datt wann di nei terroristesch Organisatioun bis gegrënnt ass, di historesch Boko haram an IS Objeten an e Musée kommen fir e kulturellt Ierwen ze hunn.

AUDIO: Flunkernews

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...