Wäerteunterrecht: Nodeem wat hei an der Schoul geschitt ass a well verschiddener vum Léierpersonal d’Examensfroen publique gemaach hunn kann een sech froen ob tatsächlech an der Grondschoul e Wäerteunterrecht fir d’Kanner soll organiséiert ginn…oder net vläicht éischter fir déi Erwuessen?

St Patrick’s Day: Drénken ass gutt fir muench Organer a virun allem fir d’Nieren. Et ass bestëmmt dowéinst datt zwar net nëmmen an Irland mä grad um Nationalfeierdag vun „den Nieren“ vill gedronk gëtt.

Sonnendäischtert: Anscheinend hu sech verschidde Leit, wéi si um Filet waren beim Tennisspillen an an d’Sonn gekuckt hunn, sech un der Netz-haut blesséiert. Si goufen awer gewarnt datt d’Sonnefins-Tennis kinnt geféierlech sinn.

Mammendag: A muenchen Emirater an och zum Beispill a Saudi Arabien ass dëse Week-end Mammendag. Wann een awer de Stellewäert vun de Fraen an dee vun der Religioun an de Priedeger kuckt, da kann een sech virstellen datt et éischter I-mamendag ass.

Grausamen Attentat: Déi méi wéi trauresch Organisatioun IS huet den Attentat vun dëser Woch revendiquéiert. Et war een net iwwerrascht datt et den Islamesche Staat war, well et esou null war an och well et zu Tunn-IS war.

AUDIO: Flunkernews 11/15 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...