
Problemer mat Fläschen : D’Classicfläsche vu Rosport goufe vum Maart geholl. A verschiddene Kantinne kritt ee "sans porc". Nodeems wat elo mat deene Fläsche passéiert ass, ginn et geschwë Kantinne mat "sans Rosporc".
Reform an der Fonction Publique: Dat, wat hänke bleift, ass, datt de Bachelor-System agefouert gëtt. Den Dag vum Vote war Tonne lass an der Chamber a ronderëm. Kee Wonner, datt d’Chamber am Mëttelpunkt steet, wann et ëm de Bett-chelor geet.
Departemental Wahlen an de Front National: A Frankräich huet déi extrem riets Partei déi bescht Resultater an den touristesche Géigenden, wou d’Mier ass. Kee Wonner well hir Cheffin Marine heescht an d’Partei Front Naass-ional.
Parteien an de Referendum: Muench Parteien hu sech ausgeschwat, fir 3 mol "Nee" beim Referendum ze soen. Kloer ass, datt d’Regierungsparteien "Jo" wäerte soen. Dat schéngt normal ze si fir Gamb-Ja.
Smog zu Paräis: Virun e puer Deeg konnten zu Paräis nëmmen d’Autoe fuere mat ongeruede Placken, dëst fir manner ze polluéieren. Bei eis gouf dat och ugeschwat. Et gëtt eng Testgemeng gesicht. Et ass am Gespréich, dat an der Gemeng Betzder ze probéieren. Do kinnten d’Autoen zum Beispill mat Placken, wou d’Zuele gerued, sinn jo zu Ge-Rued-Sir fueren …
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...