Annulatioun Visite: De Jean-Claude Juncker hätt sollen an d’Ukraine reesen mä huet misste wéinst Nieresteng di Rees verleeën. Hie kënnt awer geschwënn zesummen mat Peter Poro-stengko a mam Frank Walter Stein-meier. 

All d’Banken zou op Karfreideg: Ass et well een deen Dag soll Faaschten an Abstinenz maachen datt ee net esou liicht un d’Sue soll kommen? Egal wéi, kann een awer iwwer Internet akafen zum Beispill massesch Iesswueren wann een den Ess-Net huet.

Et ass scho bal e Comic: De Minister huet e Steen, esouguer e richtegen Menhir, un d’Rulle bruecht mat der Affär vun den Examensfroen an et gouf eng richteg “Idéfix” am Land. Jiddereen attackéiert elo jiddereen. Sträit gëtt et elo och mat den aneren Parteien an zum Beispill mam Eischens "Félix". Et kinnt een dee Comic “Schoolix” nennen.

Accord zu Lausanne: Anscheinend wëllen och esouguer di ganz fanatesch Iraner just hiere Stroum an den Atomzentralen produzéieren a keng Waffen hierstellen. Nodeems den Obama an di aner Politiker dat acceptéiert hunn datt d’Iraner keng Extremisten méi sinn mä just Ex-stromisten, ass et zum Accord komm.

De Nicolas Sarkozy bei der Justice: Hien gouf geruff well seng Partei, no der Affär vun de Presidentewahlen vun 2012, seng Strof bezuelt hat. Firwat huet een sech gewonnert, d’Partei heescht jo UM paie.

AUDIO: Flunkernews 13/15 vum Serge Olmo.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...