Referendum: Firwat gëtt beim Referendum vum 7. Juni net nom School Leaks vu Referendum Leaks geschwat. D’Froen si jo u sech och scho bekannt, en plus sinn hei vun de Parteien d’Äntwerten scho matgedeelt ginn. 

Rout Léiwen: Et ass vill geschitt nom Match géint d’Slowaken. Ënner anerem gouf jo den Dwayn Holter fir de Match géint d’Tierkei gespaart. Hien ass also an Däitschland bei säi Veräin Fürth gefuer. Do hat hien ironescherweis méi mat Tierken ze dinn wéi wann hien de Lännermatch gespillt hätt. 

Urbi et Orbi: Nieft de grausamen Attentater huet de Poopst och all di louche Affären ugeschwat an all di Leaks wéi d’Wikileaks, d’Swissleaks, d’Luxleaks...Hie mëscht di Declaratiounen ëmmer op Ouschteren vum Péitersdoum an zwar vun der Basi-leak.

Ouschterzäit: Zanter e puer Joer ass d’Ouschterperiod déi Zäit wou am Meeschten iwwer Internet kaf gëtt an di meescht Päck uechter d’Welt geliwwert ginn. Dofir heescht di Ouschterzäit vläicht och Pak. 

Ouschtertraditioun: D’Péckvillercher op der Emaischen hu jo d’Form vu Villercher. Ganz vill Succès haten déi déi en Hunn als Modell hunn. Grad esou an der Aktualitéit ass och den Bild-hunnsminster an dat nach laang no der Emeischen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...