
Schluss vum Kale Krich: D’USA soten, si géifen elo Kuba vun der Lëscht vun den terroristesche Länner huelen. D’Kubaner huelen d’USA awer net vun der Lëscht vun de Länner erof, wou d’Polizisten de schwaarze Leit an de Réck schéissen.
Maternité : An Däitschland kritt jo eng 65 Joer al Fra Véierlingen. D’Fro ass, ob si niert, well d’Brëscht jo an hirem Alter méi déif hänken. Wann si dat also géif maachen, da wier de Virdeel, datt si d’Bébéen net op Aarm misst huelen, fir ze nieren; si kinnt se roueg um Bett leie loossen.
D’Hillary Clinton Kandidatin: Vläicht gëtt di Ex-Première-Dame di éischt Fra, déi Presidentin gëtt. Bis elo haten d’Amerikaner als President e Barrack an herno vläicht ee President mat engem Rack.
Weltmeeschter am Kicker: D’Lëtzebuerger sinn 2 Mol Weltmeeschter am Fussball um Dësch. Am Prinzip gëtt op engem hëlzenen Dësch gespillt, mä de Selectionneur vun där Football-Nationalequipe ass net den Holtz.
Poopst a Kürde Génocide: De François huet d’Tierke rose gemaach mat senger Declaratioun. Representante vum Kierchestaat ginn elo gestrooft. Et gëtt gesot, datt verschidde Liichtathlete vum Vatikan net dierfen op der WM matmaachen, virun allem d’110 Meter Kürden Leefer.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...