Allergien: Et ass dëse Mount grausam mat de Pollen. Muench Allergiker kënnen emol guer net laanscht eng Wiss trëppelen. Verschiddener wëllen emol net méi u Wisen denken. Anerer solle gefrot hunn, fir dëse Mount hir Pai net iwwer-wisen ze kréien …

AUDIO: Flunkernews 16/15 vum Serge Olmo

Basket Esch-Steesel: Et gouf sech am 1. Match verzielt. Et hätt sollen 82-82 sinn an net, wéi herno festgehalen, 84-80 fir Steesel. Den Total war falsch. Et hätt een dat beim Zesummerechne missten mierken. An dat grad an der Total League!

Bréifwahlen: D’Prozedure lafen, fir fir de Referendum vum 7. Juni iwwer Bréifwahl d’Froen ze beäntweren. Anscheinend gi vun de Bréifwahle vill negativ Äntwerten zum Auslänner-Wahlrecht erwaart an dat grad vun deenen, déi aus dem Ausland wielen …

Time Gala: Zu New York war d’Marine Le Pen erstaunlecherweis invitéiert ginn als eng vun den 100 aflossräichste Persoune vum Joer. E Pen ass jo e Bic. Ass et vläicht dowéinst, datt si an de Bic Apple invitéiert gouf?

Happy Birthday: De Grand-Duc krut jo elo seng 60. Geet een als Grand-Duc an d’Pensioun? Huet hien iwwerhaapt genuch bei der CNAP (Caisse Nationale d’Assurance Pension) kotiséiert? Net schlëmm. Et ass nämlech de Grand-Duc, deen d’Membere fir an d’CNAP nominéiert.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...