Bayern rutscht aus: De Lahm an den Alonso sollen anscheinend nëmmen dat gemaach hunn wat den Trainer sot. Bei der Bespriechung virum 11 Meterschéissen sot den Trainer nämlech wéi hien op di 2 Spiller gewisen huet . “Der muss sitzen…”

Oktav: Muench nervös Englänner waren hei ze gesinn. Si hu net onbedéngt fir d’Muttergotteskand gebiet mä éischter fir de Royal Baby. Fir si war et och d’Kate-edrale. 

Punkteführerschäin : Et gëtt méi streng. Wann ee seng Punkten wëll recuperéieren muss een op Kolmer-Bierg Stage maache goen. Quasi all Gemeng huet als Mailadress ….@nummvundergemeng.lu Bei Kolmer-Bierg ass et anescht. Do ass et colmar@pt.lu De PT steet natierlech als Ofkierzung fir Punkten.

Indonesien an Doudesstrof fir Drogenhandel: Dohanne si si komplett op Drogen fixéiert. Et fält op datt een an Indonesien permanent kontrolléiert gëtt zum Beispill mat Drogenhënn. Et gëtt och gesot datt bei hinnen d’Hotdogs mat Drogenhënn preparéiert ginn fir erauszefannen ob de Consommateur positiv op Drogen ass. 

Bérényss : Et ass exzellent datt den Tip, den hat mat der Camionnette entféiert huet, festgeholl gouf. Hie wäert jo hoffentlech net nëmmen gestrooft ginn well hien kee Kannersëtz an der Camionnette hat !

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...