
De Royal Baby huet e Numm : Wat d’gouf d’Charlotte Elizabeth Diana schonn eppes fotographéiert. Et geet een och dovun aus, datt säin éischt Wuert net Mamma oder Pappa wäert sinn, mä éischter Papa-razzi.
Den 1. Mee vum Front National: D’Femen haten um Balkon vun engem Hotel schéine Chaos produzéiert. D’Proprietaire vum Hotel hunn elo festgehalen, datt op hier Zëmmere folgendes stoen kënnt. “Fëmmen a FEMEN verbueden”
43 Flüchtlingen aus Syrien zu Lëtzebuerg: Si sinn dës Woch ukomm a ginn zu Weilerbaach/Sûre logéiert. Et konnt net all Refugier dohi kommen; et hu scho misste Sûrer sinn.
Di 2 Le Pen hunn elo décke Sträit: D’Presidentin vum FN mécht,wéi wa si näischt mat hirem Papp ze dinn hätt. Deet een awer dem Papp eng Père-ruque un, et fierft een him e bëssen d’Lëpsen mat Le Pen-stëfft, da kann ee si, wéi och hir Iddien, schwéier auseneen halen.
D’Maut kënnt offiziell an Däitschland : De Bundesrat huet grad um 70. Anniversaire vum Schluss vum 2. Weltkrich déi Decisioun geholl. De selwechte Commemoratiounsdag gouf d’Homepage vum gréissten KZ an Éisträich gehackt, mat Kannerpornobiller. Um 8. Mee huet di ganz Welt iwwert d’Maut geschwat a bal keen iwwert dat grausamt, wat um Site vum KZ vu Mauthausen geschitt ass…
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...