Den F91 huet elo e neien Trainer: D’Geschicht ass ugaang nodeem en décke Feeler um Spillerbou war. De Robin Hood war jo den absolute Bouspezialist mat sengem treien Kumpan Petitjean. Beim F91 dogéint ass also de Grandjean guer net eenz gi mam Bou. 

De Premier a säi Partner bestuet: et ware prominent Gäscht invitéiert fir d’Hochzäit. Wann e Kand géif bei d’Koppel dobäistoussen, kann ee sech virstellen dat vläicht esouguer di bekanntst Koppelen sech géif deplacéieren wéi zum Beispill d’Beyoncé an den Jay-Z. D’Beyoncé wier bestëmmt intresséiert den Destenay’s Child ze gesinn. 

Bommenalarm: en Donneschdeg gouf d’Finale vun Germany’s Next Topmodel dowéinst ënnerbrach. Ech war iwwerrascht datt ënnerbrach gouf well jo dach gewosst war datt ënner all de Model vill Bommen waren ?!

De Raul Castro war bei de Poopst fir him Merci ze soen: Bei all deenen Kardinäl an aner religieuse Leit wert sech den Kubanesche President e bësse virkomm sinn wéi um Mount. Hie war am Fong wéi en C-astronaut.

Ried vu der leschter Woch: Et gëtt ëmmer méi evident datt dem Premier seng Ried am Fong guer net spektakulär war. Dat ass net onlogesch. Et ass jo net d’Ried zur “Lard” vun der Natioun soss wier se bestëmmt Speck-takulär gewiescht.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

AUDIO: Flunkernews 19/15 vum Serge Olmo