Modern Schoul: Den Dag nodeem den Educatiounsminister annoncéiert hat 45 000 Tablettes an de Schoulen virzegesinn war säi Ministerkolleg Asselborn um Sommet vun der Ëstlecher Partnerschaft zu Riga. Do waren d’Leit virwëtzeg iwwert d’Iddi vun Digital Lëtzebuerg. Kee Wonner, Riga ass jo d’Haaptstad vun Tab-Lettland.

Croisette: D’Kräiz passt och bei de Vatikan wou de Poopst zwou palästinensesch Nonnen helleg gesprach huet. Et war e richtegen Canonisatiouns-Festival well och nach zwou aner Nonnen goufen helleg gesprach. Wéi zu Cannes waren enorm vill Journalisten dobäi mä hei war et eben de Fesitival vu Vati-Cannes.

Pilgerdag während der Oktav ofgeschaaft : Virun allem ass d’Léierpersonal guer net frou well dat een Dag manner fräi bedeit. Et gëtt elo juristesch gekuckt ob dat réckgängeg ze maachen ass. D’Léierpersonal huet en Spezialist fir esou Froen engagéiert an zwar en Okt-affekot.

Weltklass: Fir d’Spezialisten war et am Tour duerch Kalofornien eng Revelatioun fir ze gesinn wéi séier de Jempy Drucker am Sprint ass. Hie war op Aaenhéicht mat der Weltelite. Fir d’Leit  stoung de Begrëff “Drucker” fir Printer elo definitiv fir S-Printer.

Tour de Luxembourg: D’Arrivée ass den 7.6. an zwar deen Dag vum Referendum wou all d’Lëtzebuerger Bierger Kräizer mussen maachen. Komescherweis kann sech deen Dag den Tour de Luxembourg um legendären Biergerkräiz decidéieren.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

AUDIO: Flunkernews