De Mulles zu Roland Garros: Muenchereen freet sech firwat eise Champion e Band ronderëm seng Stir huet. D’Äntwert ass datt de Mulles de 9. Mee Gebuertsdag huet, deemno Stéier ass am Horoscope an dofir huet hien e Stier-band un.

Witzbold: De President vun der EU hat jo den Ungareschen Premier mat “Hallo Diktator” begréisst wat héich Welle geschloen hat. De Jean-Claude Juncker huet agesinn datt dat iwwerdriwwen war a wäert an Zukunft besser drop oppassen. Wéi hien d’lescht den El Assad um Telefon hat sot hien “Hallo Orban”…

Referendum fir d’Homosexuell Hochzäit an Irland: De Vatikan weist sech besuergt fir d’Zukunft vun der Famill. Wou ass eigentlech de Problem? Di iresch homosexuell Koppelen kënnen dach d’Kanner adopt-Iren.

FIFA; de Skandal: Et war gewosst datt d’Fussballfederatiounen enorm räich sinn haaptsächlech natierlech d’FIFA. De Sëtz vun der FIFA ass net fir näischt zu Zü-rich an dee vun der FLF zu Monne-rich. De Ënnerscheet ass datt an der FIFA vill Korrupt Leit schaffen.

Skoda Tour de Lëtzebuerg: Fir op enger Linn ze sinn mat eiser Regierung an d’Trennung vu Kierch a Staat z’ënnerstëtzen mam Ofschafen vum Pilgerdag, sollen zwar Skodaen um TDL sinn awer keng Oktav-ia.

AUDIO: Flunkernews 21/15 vum Serge Olmo.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...