
Tour de Luxembourg: Parallel mat de Spiller vun de klenge Länner huet och den TDL ugefaangen. Den Adrien Petit hat de Prolog gewonnen. Bei deem Numm hat ech geduecht, déi Victoire hätt och mat de Spiller an Island ze dinn.
Erëffnungszeremonie bei de JPEE: De Volleyball-Nationalspiller Ralph Lentz huet de Lëtzebuerger Fändel gedroen. Kee Wonner, datt grad hie geholl gouf ... bei den Icelentz Games.
Demissioun vum Sepp Blatter: An der Schwäiz sinn d’Leit enorm vun hirem Landsmann enttäuscht. Am Schoulsport hunn d’Associatiounen hiren Numm geännert. Si wëllen net méi LASEPP heeschen. Well vill Déif bei der weltgréisster Federatioun schaffen, gëtt se och Thief-A genannt.
Conciliatioun am Kontext Lycéeën: De Minister Meisch ass déck rosen datt d’Gewerkschaften elo de Préaccord refuséieren. Den Educatiounsminister misst léieren, net alles ze gleewen, an datt am Secondaire d’Accorden um "second degré" misste geholl ginn.
Roland Garros: Et ass komesch, datt grad an deem Sport, wou garantéiert ëmmer e gutt d’Netz ass, d’Spectateuren net dierfen telefonéieren.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...