Groussen Internationalen Reittournéier: Dëse Week-end ass jo Mammendag an et ass deemno normal datt dës am Mëttelpunkt stinn. Komesch ass datt zu Réiser éischter d’Pappe gefeiert ginn op der Réiser Père-sdeeg.

AUDIO: Flunkernews 23/15 vum Serge Olmo

Frae WM am Fussball a Kanada: Et kennt een d’Nimm vun de Spillerinnen net esou gutt wéi déi vun den Männer. Dat ass bestëmmt de Fall well dacks d’Spillerinnen um Trikot d’Hoer iwwert hirem Numm hunn. 

Suitten vum Referendum: Déi déi “Nee” gewielt hunn sinn natierlech net onbedéngt géint d’Auslänner well schonn nëmmen dat Wuert “Auslännerfein-dlechkeet” ass total ambigu. Vill mengen datt dat Wuert bedeit datt ee fein ass mat den Auslänner.

Accord vu Schengen: E Sonndeg viru 30 Joer gouf dëst historescht Ofkommes, wou d’Grenzen méi opgemaach goufen, ënnerschriwwen. Grad elo huet Lëtzebuerg “Nee” zum Auslännerwahlrecht gesot. Di prominent Invitéen wéi zum Beispill de President vum EU Parlament Martin Schulz géifen vu Frust am Léifsten bei de Wäibierger Wein-en. 

Gambia mëscht eppes fir de Sport: Ënnert dëser Koalitioun geet et de Moment weider mam neie Stadion. De Masterplang gëtt jo elo presentéiert. Am Aserbaidschan si grad elo di éischt europäesch Spiller. Do ass elo eise Sporstminister higereest well de nationale Fändel a Gambiafaarwen ass.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...