
David Cameron op Visite: Spéitstens an 2 Joer gëtt an England d’Fro gestalt, ob d’Britten wëllen an Europa bleiwen. Ass de Britesche Premier bei eise Premier komm, fir sech iwwer d’Organisatioun vum engem Referendum beroden ze loossen? Wa jo, da kënnt bestëmmt e ganz däitleche “Nee” eraus.
Nationalfeierdag: De Referendum war geheim allerdéngs schéngt et evident ze sinn, datt déi Leit, déi fir Nationalfeierdag eise Fändel un der Façade fixéiert hunn, méi wéi sécher “Nee” ugekräizt haten.
Wisentennis beim Queen’s: De Gilles Muller ass richteg weltklass um Wuess. Et ass esou schuet fir eis Faarwen, datt hien d’Coupe Dav-Wiss dës Saison net méi matspillt.
FLF Selektioun : Eis Nationaltrainer de Luc Holtz hat säi 46. Gebuertsdag op Mammendag gefeiert. Am Match géint d’Ukraine hunn d’Spiller him als Cadeau zwou Véiererkette gemaach…
Europäesch Spiller zu Baku : Am Aserbaidschan ass dem President Ilham Alijew säi Regime ganz Autoritär an d’Leit fäerten hien. Wéi eise Fändeldréier Jeff Henckels mat “Allez Jeff, Allez Jeff…” bei der Erëffnungzeremonie vun de Lëtzebuerger ugefeiert gouf, haten d’Aserbaidschaner dat falsch verstanen an hunn “Alijew, Alijew…” geruff.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...