
Di aarm Griichen: Um europäesche Sommet kinnt et an di Richtung goen datt d’Griichen manner mussen zeréckbezuelen wann si méi Flüchtlingen esou wéi zum Beispill Rom-a bei sech ophuelen. Dat wier eng nei Zort Rom-boursement vun hire Scholden…
Hëllef fir di ofhängeg Leit: Di fréier CSC Equipe, ënner dem Bjarne Riis, hat schonn virunn e puer Joer eppes fir di gedopte Leit gemaach wéi elo di Escher Gemeng fir déi Drogéiert. Zu Esch gëtt et nämlech geschwënn eng Fixerstuff. CSC hat deemools schonn en Doping Appartement hei zu Lëtzebuerg.
Verletzungen am Velosport: Fir vill Profi Cyclisten wéi fir eisen Frank Schleck, sinn d’Verletzungen um Knéi ganz schlëmm. Verschidde Cyclissten hate fréier Relatiounen mam Dopingdokter a Gynécologue Fuentes. A Plaz bei e Gynécologue ze goen wier et besser gewiescht bei e Genoucologue ze goen.
Nationalfeierdag : Et war grousse Pech datt et um Virowend vu Nationalfeierdag zu Mondorf an zu Esch mat Eemeren gereent huet do wou eis Groussherzoglech Famill op Visite war. Deen Owend hunn de Henri an de Guillaume vu Nass-au hire Numm ganz passend gedroen.
Respekt: Den Äerzbëschof Hollerich geet mam gudde Beispill vir. Hien huet 2 Réfugiéen bei sech opgeholl. Esou wéi den Noé an der Bibel Réfugiéen an zwar Leit an Déieren bei sech an der Arche opgeholl huet, mëscht elo eisen Arche-vèque och esou eng gutt Aktioun.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...