Och an den States legal: Den Homomariage ass also zanter kuerzem do autoriséiert. Déi déi staark dogéint waren sinn am Fong dacks déi selwecht déi sech fir d’Waffen asetzen. Dës konservativ Leit si net fir di Homosexuel obwuel si frou sinn mat Gay-wierer. 

Sport fir di Staark: International gëtt et eng nei Sportaart wou un enger Staang eng Onmass Mënzen dru gehaangen ginn als Gewiichter. Di Sportaart huet virun allem a Griicheland vill Succès. Vü datt d’Banken an d’Bankomater eidel sinn ass et di eenzeg Manéier fir Suen opzehiewen. 

Hëtzefräi : Verschiddene vun eise Schoule sinn zou bliwwen vum Cycle 1 bis Cycle 4. Fir datt di aarm Kanner net solle schmëlzen gouf also de Fond-amental zou gemaach op deene Plazen.

RAF: Wéinst den héigen Ozonwäerter sollt d’Pollutioun limitéiert ginn andeem een maximal mat 90 Km/h op den Autobunne fiert. Och fir de SMOG kleng ze halen gëtt bei verschiddene Bands d’Geräichpollutioun um Rock a Field bei 90 Dezibel limitéiert. 

Sponsoring : Op der ganzer Welt sinn Banken an Assurancen d’haapt Sponsoren vun Sportsclibb oder Sportsevenementer. A Griicheland ass dat anescht; do sponsoriséieren di grouss Clibb di aarm Griichesch Banken.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...