Tour de France an Griicheland: Déi zwee Sujeten sinn de Moment komplett am Mëttelpunkt ; den TDF well wichteg Coureuren hu missten opginn. Am Joer 1992 war eng montaire Kris wou Griicheland schonn um Wackelen war an der EU. Deemools hat den ex Tourgewënner  Greg Lemond opginn am TDF. Dat war also e Joer wou och de Gre-xit aktuell war. 

Vill Schoulausflig: Mat all de Selfien déi d’Schüler permanent maachen huet een elo bei de Schoulausflig gemierkt datt vill Jonker net méi richteg kënne Fotoen maachen “no fir”. Op ville Fotoen déi ech gewise krut war dacks dee selwechte Plakkapp drop. Schlussendlech war et kee Plakkapp mä e Fanger vun dem dee geknipst huet. Also awer e Selfi-nger. 

D’Ouverturen vun de Banken a Griicheland : Muench eeler Leit hunn Angscht viru risegen Waardeschlaangen virun de Banken an de Bankomater wann d’Banke nees opginn. Verschiddener hu wëlles en aalt Familljerezept unzewennen an zwar wëlle si eng Knuewlécksbridd virun d’Banke verdeelen. Dëst soll e gutt Mëttel sinn géint d’Schlaangen. 

Lëtzebuerg iwwerhëlt d’Presidence vum EU Conseil: Während e puer Deeg war op den Autobunnen affichéiert datt Lëtzebuerg vum 1.7. un d’Presidence huet. Dat huet mer hannert dem Steier awer net gesot ob ech op der Autobunn méi séier oder méi lues soll fueren...Ech hunn emol ugeholl datt dat geheescht huet datt d’Lëtzebuerger di aner Europäer och op de Stroossen kënne iwwerhuelen.

Geschwënn Radaren zu Lëtzebuerg: Net jiddereen fënnt d’Iddi gutt. Verschidde Leit déi grouss däischter rechteckeg Bréifboîten hunn mat giel/schwaarzen Sträifen kréien zanter e puer Deeg vu Chauffeuren, déi mengen et wier schonn elo aktuell, getut an de Mëttelfanger gewisen…

AUDIO: Flunkernews 27/15 vum Serge Olmo.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...