
Paleo, e neien Trend: Ëmmer méi Leit klammen op dëse Regime eriwwer. Et gëtt bei dem Regime giess, wéi an der Steenzäit an zwar gi nëmme ganz natierlech Produiten benotzt. Da kann awer net esou gesond sinn, well di Mënschen, déi dat fréier giess hunn, sinn all dout!
Sträit mat der Proffegewerkschaft: Den Educatiounsminister huet stéckeschersweis Propose virun der Press presentéiert. D’Associatioun vun den Enseignante fënnt et net gutt, datt dat stéckerchersweis un d’Leit bruecht gëtt, wéi an engem Liewensmëttelgeschäft. Si si nämlech net an enger APESSerie.
Atomprogramm: Den Iraner hir economesch Sanktioune si nom internationalen Accord drastesch manner streng. Wier et an dem Sënn keng Iddi, datt Griichen och soen, si géifen en Atomprogramm op Bee setzen, dee nëmmen fir Zivil Zwecker géif benotzt ginn?
Kris a Griicheland: Bal all d’Reuniounen am Kontext vun der Kris waren enorm laang. Et ass am Fong normal, datt et Marathon Réuniounen waren. De Marathon kënnt jo och vun do.
Coupe Davis: De grousse Star vun de Lëtzebuerger Gilles Muller ass net dobäi géint d’Bulgaren. Hien ass wéinst der intensiver Saison midd a wëll sech op säin Tournéierprogramm konzentréieren. De Star vun de Bulgaren ass awer trotz Middegkeet dobäi. Et ass jo net fir näischt den Dimidd-trov.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...