
D’Griichen hunn nees frëscht Geld: Dëst ass eng Tatsaach zanter d’Banken nees ophunn. Et heescht awer net, datt d’Leit méi Geld hunn, mä vu datt d’Banke Klimaanlagen hunn, läit d’Geld méi kill wéi bei de Leit doheem.
Skandal an England: D’Queen ass jo ganz bekannt, well si Hitt unhuet an d’Leit gréisst. Am Video vum "The Sun" gesäit een dat 7 Joer jonkt Elizabeth Hit-lergrüße maachen …
Manifestatiounen a Frankräich: D’Zigaretteproduzenten an och d’Fleeschproduzenten, a besonnesch d’Haamproduzenten, hunn deelweis d’Land blockéiert. Si hu sech bei verschiddene Maniffen zesummegedoen. Waren dat da Produzente vun "jambon fumé"?
Décke Widdersproch: Grad den Dag, wou d’Banken a Griicheland nees opgemaach haten, gouf et e Grexit. De belsche Coureur Van Avermaet, de grad eng Etapp gewonnen hat, huet den Tour de France verlooss, well seng Frëndin e Bébé kritt. Ah jo, de Coureur vun der BMC heescht Greg.
De Maillot Jaune belästegt: Et soll e Fanatiker e Glas Urin op de Chris Froome geschott hunn. No enger pousséierter Enquête ass erauskomm, datt de Fanatiker schlecht geziilt huet. Hie wollt eigentlech de Kolumbianer vun der Equipe Etixx-Quick Step Rigoberto Ur… treffen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...
Mir gesinn eis am September zeréck :-)