D’Meteo quasi eng Obsessioun am Summer: Ganz vill Leit gi permanent d’Site kucken déi d’Wierder viraussoen sief et Wetteronline.de an aner Siten. Fir Verschiddener ass et eng richteg Sucht ginn. Muench Déierendokteren, déi net vill Patienten hunn, hu sech ëmgeschoult fir de Patienten mat enger Meteosucht ze hëllefen. Si si Wetter-inairen.

Schueberfouer: Den Dag wou d’Fouer offiziell opgemaach gouf waren enorm vill Fotografen um Glacis fir all di prominent Leit ze fotograféieren besonnesch um Riiserad. Waren di Fotografen Papa-radsi ?

Vakanzenzäit a Selfiemania: D’Gsm Hiersteller sinn am Gaangen e Modell z’entwéckelen deen och d’Déieren kinnten bedéngen. D’Tester gi mat dem schlausten Déier gemaach an zwar mam Fuuss. Vläicht bréngen di Déieren et geschwënn färdesch Selfiiss ze maachen.

Gutt Besserung: De Bob Jungels, dee sech beim Spullen seriö blesséiert huet, geet di nächst Saison bei Etixx Quick Step. Etixx ass eng Marque vun Sportalimentener déi een zou sech hëlt ouni Besteck oder Telleren. Eise Bob brauch also net méi onbedéngt ze spullen.

Skandal an der Däitscher Fussballcoupe:  An der Parti Osnabrück géint Leipzig krut den Arbitter vun engem fanateschen Fan e Briquet widdert de Kapp geschoss an den Arbitter hat eng déck Wonn ënnert den Hoer. Komesch ass datt am nächsten Tour Leipzig géint Unter-haaring spillt.

AUDIO: Flunkernews 30/15 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...