Chapeau fir d’Solidaritéit!!! Vill Famillen am Land an am Ausland huele Flüchtlingskanner op an dat ass immens luewenswäert. Soss kruten d’Famillen Zwill-ingen, Drill-ingen … Dës engagéiert Famille kréien dann elo Flücht-lingen.

AUDIO: Flunkernews 31/15 vum Serge Olmo

Rekord um Troun : D’Queen Elizabeth ass zanter 63 Joer um Rudder an huet de Rekord gebrach. Si fänkt mat 89 Joer un, richteg al ze ginn a probéiert méi kuerz Reesen ze maachen, also éischter an Europa, well si Problemer mat der Blos huet. Hir Reese sinn also am Kontinent selwer oder wéi d’Englänner soen "in Continent" ...

Grand Slam: Et gëtt gesot, datt den Tournoi vu Roland Garros deen eenzege Grand Slam Tournoi ass, deen op terre battue gespillt gëtt, also op "Asche", wéi déi Däitsch soen. Dat ass zwar richteg, mä et ass awer komesch, datt d’Finall vun de US Open grad um Arthur-Ashe-Stadion gespillt gëtt.

Service Spezialist: De Gilles Muller ass ee vun de Spiller op der Welt, deen déi meescht Acë schléit. Kee Wonner, datt mer hien hei Mull-Ace nennen.

D’Nationalequipe a Wäissrussland: D’Goalkeepsproblematik hei zu Land ass bekannt. Just 2 Goalkeeper si matgeflunn; dee ganz onerfuerenen Andrea Amodio an den Titulär Jonathan Joubert. De Joubert hat no der Bologneseaffär ganz vill Duerchfall an huet bal misste passen. Deemno huet bal den "Andrea Imodium" dat Lach misste stoppen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...