
US Open: Wéi d’Vinci an Pennetta d’Finale vun de US Open gespillt hunn, gouf vu Verschiddener vu Spaghettis Final geschwat. Kee Wonner, et war jo zu Nouilles York.
Manif vun de Baueren um Kierchbierg: Et goufe grouss Problemer am Trafic an d’Manifestanten hunn um ganze Kierchbierg mat réien Eeër geschoss, dat och bei eisem Centre National Sportif et Culturel. Do waren et Œufs à la Coque.
Revanche vun de Beem: Dat ganzt Joer ginn op ville Stroossen d’Beem futti gemaach duerch Autoen oder Busser. Beim Stuerm vun dëser Woch hunn sech d’Beem gerecht an hu verschidden Autoen an Busser beschiedegt.
Eise Premier beim Poopst: Di 2 hu sech gutt verstanen. Beim Franziskus ass kloer seng Destiné Gott. Beim Premier ass et den Gott-ier Destenay.
Den Ungaresche Pouvoir soll sech schummen: De Premier huet laang refuséiert, d’Flüchtlingen den Zuch huelen ze loossen, fir a Richtung Däitschland ze fueren, fir dat si do di “Deutsche Bahn” huelen an dann heescht de Mann, deen dat decidéiert huet, grad Or-bahn.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...