
VW Skandal: Di gréisste Film Studioen fir Comics aus den USA solle schonn a nächster Zäit e Film dréien iwwert dVolkswagenaffär an d’Pollutioun déi geféierlech ass fir d’Natur a besonnesch fir d’Bëscher. Mer schwätzen natierlech vun de Wald Dieselney Studioen…
Franziskus on Tour: De Poopst huet, wéi seng rezent Reesen op Kuba an an de States et gewisen hunn, ëmmer méi en groussen politeschen an economeschen Impakt. Russland kinnt deemno an der wichteger Diskussiounsronn G8 laangfristeg vum berühmtesten Jesuit ersat ginn. Da wier de G8 eben de Jeshuit.
Grousse Succès vum Poopst an senger Papamobil an de States: Volkswagen hat sech proposéiert fir d’Papamobilen ze bauen. Dat géif awer grad elo net gutt ukommen. Vill Leit hunn allerdéngs beim Franziskus senger Visite gemengt d’Gefier wier schonn e VW an de Logo géif Vatikan Wagen heeschen…
Hellenen a Flüchtlingen: Béis Zongen behaapten datt di stäerkst griichesch Partei et ënnerstëtzt datt d’Flüchtlingen aus Syrien an d’EU kommen fir datt net méi hir Schold am Mëttelpunkt steet. Si pushen d’Thema Syrien esou vill dat hir Partei vu Verschiddenen Syrienriza genannt gëtt.
Blamage zu Schengen: De Phillipot a seng Kollegen vum FN hu bei der Manif zum Beispill eng Gerbe op di falsch Plaz néier geluecht. D’Chercheuren hunn schonn zanter Joeren erausfonnt datt den Zentrum vun der Intelligenz zimlech an der Mëtt vum Gehir ze fannen ass a net an der Stir scho guer net am Front National !
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...