Lëtzebuerg net an der FinallWat bedeit dat fir de Voting?

Lea Schwartz
D'Eva Marija wäert net an der Finall vum Eurovision Song Contest optrieden. Op d'Ofstëmmung vun de Lëtzebuerger huet dat awer keen Afl !oss.
D'Tester vun der Liichtshow op der ESC-Bün an der Wiener Stadthalle.
D'Tester vun der Liichtshow op der ESC-Bün an der Wiener Stadthalle.
© Foto von JOE KLAMAR / AFP

Dëst Joer si 35 Länner un de Start gaangen, fir de Eurovision Song Contest 2026 ze gewannen. No den Halleffinalle bleiwen nach 25 Artisten iwwreg, déi an der Finall optrieden an domadder eng Chance op eng éischt Plaz hunn. An do kënnen all d'Länner matschwätzen, och déi, déi scho raus sinn.

Lëtzebuerg gehéiert zu de Länner, bei deenen ee just online ofstëmme kann. Et muss een also op den offzielle Link goen. Et gëtt keng Nummer fir Lëtzebuerg op där een uruffe oder een SMS schécke kann. Jiddereen dierf am ganzen 10 Stëmmen ofginn a pro Vott kascht et 99 Cent.

Screenshot geholl um 12h56. Um esc.vote wäert ee kënnen de Samschdeg Owend ofstëmmen.
Screenshot geholl um 12h56. Um esc.vote wäert ee kënnen de Samschdeg Owend ofstëmmen.
© Screenshot vun esc.vote

Den eenzegen Ënnerscheed par Rapport zu den Halleffinallen ass, dass de Voting schonn éischter ugeet. Et muss een net waarden, bis jiddereen opgetrueden ass, fir ofzestëmmen. D'Votte ginn nach virum éischten Optrëtt op, an och nom leschte Kandidat kann een nach ongeféier 40 Minutte laang ofstëmmen. Um Internetsite esc.vote kann ee seng Stëmmen ofginn.

An der Gesamtwäertung zielen um Enn d'Punkte vum Publik an d'Punkte vun enger Jury aus all Land.

Back to Top
CIM LOGO