Museum Days de Weekend Porte ouverte a 36 Muséeën uechter d'Land

Diana Hoffmann
Dëse Weekend ass déi 29. Editioun vun de Museum Days. Zejoert hunn 18.700 Leit deelgeholl.

Vun de 36 Muséeën, déi matmaachen, hu mer eis dëst Joer an dräi Muséeën am Oste vum Land e Bild gemaach. Am Europamusée zu Schengen mat der neier Marie-Astrid, am Musée A Possen zu Bech-Klengmaacher an am Musée vun der Fligerei am Parc vum Domaine Thermal zu Munneref.

Slogan dëst Joer vun de Museum Days ass "Les musées unissent un monde divisé". No dësem kënnen d'Muséeën, wa se wëllen, hir Offer upassen, schreift de Conseil international des musées, deen den Event koordinéiert.

Ma de Schenge Musée muss sech hei quasi näischt Extraes méi afale loossen a passt schonn esou bei de Slogan. Déi nei Directrice vum Europamusée, d'Marlene Schmidt erkläert d'Konzept vum Musée: "Et geet ëm déi kulturell Identitéit an ëm Grenzen. Et gëtt alles awer och kritesch beliicht. Et huet een hei keng Pro-Europa-Experienz mee et sti wierklech d'Leit am Mëttelpunkt. Mee och den historeschen Hannergrond gëtt behandelt. Wei sech d'Grenze verännert hunn." Neisten Highlight vum Musée ass d'Schëff Marie Astrid, op deem d'Schengen-Ofkommes 1985 ënnerschriwwe gouf. Geschicht fir unzepaken. Et wier definitiv eng Visitt wäert, fir an dee Raum ze goen, wou dat Ganzt deemools passéiert ass, ënnersträicht d'Marlene Schmidt. Nach méi wäit zréck an der Zäit kann een dann zu Bech-Klengmaacher goen am Musée A Possen. "D'Zil ass d'Geschicht vun de ländleche Communautéiten op der Musel ze weisen", seet d'Coordinatrice vum Musée A Possen, d'Adeline Karcher. Dozou gehéiert dat deeglecht Liewen, a wéi d'Leit geschafft hunn. A verschiddenen Typpe vun Haiser gëtt gewise wéi verschidde Famillje gelieft hunn. Dobäi kann ee Géigestänn aus dem 19. an Ufank 20. Joerhonnert gesinn.

An engem Deel vun der Expo gëtt da gewise wéi fréier Stoff a Kleeder gemaach gi sinn. "Zum Beispill e schéinen Hochzäitsrack, deen ech Iech invitéieren, kucken ze kommen. An deen ass schwaarz, well ee sech deemools a Schwaarz bestuet huet", seet d'Adeline Karcher. Eis lescht Etapp e Samschdeg war dann de Fligereimusée zu Munneref. Hei ginn an der Aviatioun passionéiert Leit dem Musée Liewen, andeems se erklären, wat ze gesinn ass. Mee net just. "Mer weise Fotoen, mee erklären de Leit och d'Fléien. Wann et emol eng Kéier an engem Fliger klappert, wat dat ass. Dat ass e wichtege Punkt fir eis", erkläert den Erny Kripach, dee Meteorolog um Findel war. Den éischten Ultralight Fliger am Land, oder dee klengste Fliger vun der Welt fir selwer ze bauen - zu all Objet gëtt et hei am Musée d'Geschicht. Och zu engem dätschen Ausbildungsfliger, deen nom Zweete Weltkrich vun den Amerikaner bei der Landung um Findel beschiedegt gouf an net méi ze flécke war. "Do hunn d'Amerikaner an d'Lëtzebuerger verhandelt, an dunn hunn d'Amerikaner eng Fläsch Whisky kritt a se hunn d'Amerikaner op den Zuch an d'Stad gefouert. Du waren déi happy, a mir waren happy, mir haten dee futtisse Fliger", seet den Erny Kirpach. Quasi all Pilot, deen deemools hei am Land de Fluchschäi gemaach huet, wier dono drop geflunn.

A wien sech da selwer als Pilot wëllt probéieren, kann och eng Ronn mam Fluchsimulator dréinen.

Weider Informatioune fënnt een um Internetsite vun de Museum Days.

Back to Top
CIM LOGO