RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1983: Wotleche Krich, éischten Handy, Hitler Tagebicher

Bob Konsbruck
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© Nena Archivbild

Lauschtert hei nach eng Kéier d’Hitmaschinn vum Joer 1983:

Den 1. September ’83 schéisst d’Sowjetunioun e Passagéierfliger of. D’Boeing 747 vu Korean Air Lines war duerch e Navigatiounsfeeler vun der Crew a sowjetesche Loftraum geroden. D’Russen interpretéieren den Jumbojet als amerikanesche Spioun. Zwee Feeler, déi um Enn 269 Mënschen d’Liewe kaschten an d’Spannungen tëscht Ost a West drastesch verstäerken.

Den 1. September ’83 schéisst d’Sowjetunioun e Passagéierfliger of.

Nëmmen e puer Wochen méi spéit, de 26. September, interpretéiert de sowjetteschen Offizéier Stanislav Petrov eng vermeintlech US-amerikanesch Rakéitenattack richteg als Feelalarm. Eng Entscheedung, déi en Atomkrich kéint verhënnert hunn.

Matzendran: e Lidd, wat déi stänneg Angscht virun enger Eskalatioun vum kale Krich hoergenee afänkt: Nena - 99 Luftballons. E puer harmlos Loftballon’en, déi um Enn en Atomkrich ausléisen. Mat der Angscht wuessen och d’Protester.

Den 22. Oktober organiséiert déi süddäitsch Friddensbeweegung eng Mënschekette vu Stuttgart bis op Neu-Ulm. 108 Kilometer laang, mat e puer Honnertdausend Leit. Si demonstréiere fir Fridden an Ofrëschtung. Dozou sollt et nach net kommen. 1983 war e Joer, an deem de kale Krich nawell zimmlech wotlech ëm den Eck koum.

Haut laache mer driwwer: wat en Täissel - eng Zill fir ze telefonéieren. Ma deemools war et eng Revolutioun: den éischte mobillen Telefon.
Motorola presentéiert den DynaTAC 8000X.

Haut laache mer driwwer: wat en Täissel - eng Zill fir ze telefonéieren.

De Verglach mat enger Zill ass net falsch: den Apparat weit bal e Kilo an ass iwwer 30 Zentimeter héich.
Den éischten Handy brauch eng 10 Stonnen fir den Akku ze lueden. Telefonéiere kann een dann 30 Minutte laang.
De Motorola DynaTAC hat en LCD Display a konnt sech 30 Telefonsnummere mierken.

Käschtepunkt deemools: knapp 4000 US Dollar. Inflatiounsberéngegt wieren dat haut iwwer 12'000 US Dollar, ëm 10'000€ fir den éischten Handy.
Bretze konnten sech also just éischter räich Leit.

Mee prinzipiell huet den Apparat vu Motorola méi geännert: Telefonéieren ass vun elo un net méi un eng fest Plaz gebonnen. Et ass een och ënnerwee ze erreechen. Eng Méiglechkeet, déi sech séier a gären zu engem Zwang entwéckelt. Wie kennt et net?

An am Abrëll 1983 suergt bei eisen däitsche Noperen eng Sensatioun fir Schlagzeilen: d’Zäitschrëft “Stern” behaapt am Besëtz vum Adolf Hitler sengen Tagebicher ze sinn. 60 Bänn, anscheinend aus den Iwwerreschter vun engem Fligerongléck gerett. Historiker ginn invitéiert, d’Weltpress schwätzt vun enger historescher Entdeckung.

An am Abrëll 1983 suergt bei eisen däitsche Noperen eng Sensatioun fir Schlagzeilen.

Ma no nëmmen e puer Deeg kënnt d’Wourecht eraus: D’Tagebicher si gefälscht. Hannert dem Bedruch stécht de Konschtfälscher Konrad Kujau. Hie selwer huet d’Hefter vollgeschriwwen. De “Stern” ass drop eragefall: eng riseg Blamage an e net manner grousse Medieskandal, dee weist wéi grouss de Wonsch no Sensatioun och bei etabléierte Medie ka sinn. Keng zéng Joer méi spéit gëtt dës Geschicht verfilmt:

D’Satir “Schtonk” erzielt d’Affär ëm d’Hitlertagebicher mat vill Witz. Ma de Regisseur Helmut Dietl bréngt et och fäerdeg, datt engem op där enger oder anerer Plaz d’Laachen am Hals stieche bleift. Herrlech gutt: de Götz George als schmirege Skandalreporter Hermann Willié. Eng vum George senge Paraderollen!

Back to Top
CIM LOGO