"E méi gäile Beruff gëtt et net"De Panik-Rocker Udo Lindenberg kritt 80 Joer

AFP, iwwersat vun RTL
Hien ass Musikant, Moler, Rebell, Ikon a virun allem eng vun de markantste Perséinlechkeeten vun der däitscher Museksgeschicht. Elo feiert Udo Lindenberg säin 80. Gebuertsdag.
Den Udo Lindenberg am Abrëll 2026 bei der Ouverture vum Udoversum zu Hamburg.
Den Udo Lindenberg am Abrëll 2026 bei der Ouverture vum Udoversum zu Hamburg.
© MARCUS BRANDT/dpa Picture-Alliance via AFP

Den Udo Lindenberg mécht kee Geheimnis doraus, wéi vill him säi Beruff bedeit. An enger Dokumentatioun vum Norddeutsche Rundfunk fir säin 80. Gebuertsdag seet de selwer ernannte Panik-Rocker, et géif kee bessere Beruff ginn ewéi dee vum Rockstar. Wann hien op 50 oder 60 Joer Carrière zeréckkuckt, da géif hie keng eenzeg Sekonn dovu bereien.

De Lindenberg, dee sech op senger Internetsäit wéineg bescheiden als Museker, Moler, Rebell an Ikon bezeechent, koum de 17. Mee 1946 am westfälesche Gronau op d'Welt. An där Stad, an där esou Leit wéi hien deemools séier als "Spinner" ofgestempelt goufen, steet mëttlerweil och eng Statu, déi zu Éiere vum Lindenberg opgeriicht gouf.

Vun de Wuerzele bis op d'Spëtzt

Säi Wee an d'Musek huet fréi ugefaangen. Mat 11 Joer huet de Jong vun engem Installateur an enger Hausfra schonn Dixieland-Batterie gespillt, mat 15 huet hien an der Düsseldorfer Alstad als Serveur geschafft. Zanter den 1970er Jore verëffentlecht hie Musek, den Duerchbroch koum 1973 mam Album Andrea Doria an de Lidder Alles klar auf der Andrea Doria an Cello. Haut kann hien op e Repertoire vu ronn 800 Lidder zeréckblécken.

De markante Stil an d'"Panik"-Legend

Zu senger Popularitéit huet och säi markante Gesangsstil bäigedroen. De Lindenberg selwer huet en emol als ganz eegewëllegen an abenteuerleche Gesangsstil beschriwwen. Fachleit soen, datt säi Stil sech einfach unhéiert, awer schwéier nozesangen ass.

Säi Nuschelen ass dobäi ee vun de Geheimnisser vu sengem Succès, säi Spill mat de Wierder dat anert. Figure wéi de Bodo Ballermann an d'Elli Pyrelli sinn zu Begrëffer ginn, méi spéit hu sech seng Wuertspiller dacks ëm hie selwer gedréint. Hie gouf zum Udonaut, e Best-of-Album huet hien als Udopium verkaaft.

Laang Zäit ass de Lindenberg ville Leit op d'Nerve gaangen, ënner anerem mat sengem politeschen Engagement an der Friddensbeweegung a mat sengem Ëmgang mat der DDR. Hien huet ëmmer nees gefuerdert, an der DDR dierfen opzetrieden. No sengem Hit Sonderzug nach Pankow krut hien 1983 d'Méiglechkeet, zu Ostberlin opzetrieden. A Westdäitschland gouf säin Ëmgang mat der DDR-Féierung awer dacks net positiv gesinn, well een d'Gefill hat, hie géif sech Ostdäitschland ze vill ubidden.

Hamburg an den Alldag am Atlantic

Wuerzele geschloen huet de Lindenberg virun allem zu Hamburg. D'Stad huet hie scho laang zum Éierebierger gemaach an hie selwer huet si emol als säi perséinlecht Eldorado bezeechent. Et ass och an der Stad am Norde vun Däitschland, wou een e Muséee, dee sech ganz dem Lindenberg a senger Konscht verschriwwen huet, fënnt.

Do ass him Ufank vun den 1970er Joren den Duerchbroch gelongen, do huet hien och säi Stil fonnt. Seng Bün war déi legendär Museks-Bar Onkel Pö, gläichzäiteg huet hien an enger Kënschtler-WG mam Komiker Otto Waalkes an dem Sänger Marius Müller-Westernhagen gelieft.

Antëscht wunnt hien zanter Joerzéngten als Dauer-Locataire mat eegener Suite am Luxushotel Atlantic direkt un der Alster, déi duerch Hamburg fléisst. Op en eegene Stot an all déi Aarbecht, déi domadder verbonnen ass, verzicht hie sengen eegenen Aussoen no gär a schätzt d'Atmosphär vum Haus. Och déi Attitüd gehéiert zu him, genee ewéi seng stänneg Begleeder Hutt, Sonnebrëll a Zigar.

Eng zweet Jugend an den 80. Gebuertsdag

No engem Déif an der Mëtt vu sengem Liewen, dat op Alkohol zeréckzeféiere war, ass de Lindenberg ronderëm am Ufank vun den 2000er nees duerchgestart. Hien ass och als Moler aktiv a steet am Mëttelpunkt vun engem generationsiwwergräifende Kënschtler-Kollektiv, zu deem ënner anerem den Hip-Hopper Jan Delay an de Schauspiller Ben Becker gehéieren. Och kommerziell leeft et: 2023 huet hien et mat Komet, enger Koproduktioun mam Rapper Apache 207, fir d'éischt Kéier un d'Spëtzt vun den däitsche Single-Charts gepackt.

Mat sengem ronne Gebuertsdag schéngt de Kënschtler sech allerdéngs manner unzefrënnen. Eng Party ass op jidder Fall net geplangt. Der Bild-Zeitung huet hie verroden, hien hätt e Rendez-vous e bëssen méi wäit ewech an der Südsee. Den 80. wier jo e bëssen e méi klenge Gebuertsdag, hie géif léiwer den 100. feieren.

Back to Top
CIM LOGO