
De Line-up fir den Open-Air-Festival "Absolut Bartreng" ass elo komplett. D'Organisateuren hu confirméiert, datt et eng Mëschung aus internationalen an talentéierte lokale Kënschtler op der Bün ze gesi wäert ginn.
Dozou gehéieren ënnert anerem de Calum Scott, de Maale Gars an d'Krick, déi deen een oder anere vläicht nach vun der éischter Editioun vum Luxembourg Song Contest kennt.

De Festival fënnt de 27. Juni am Zentrum vu Bartreng statt a soll och dëst Joer erëm vill Museksfrënn unzéien. Mat engem ofwiesslungsräiche Programm wëllen d'Organisateuren deemno eng breet Pallette u musikalesche Stiler ubidden an domat e grousse Public uschwätzen.
D'Entrée ass gratis fir Kanner ënner sechs Joer. Kanner ënner 14 Joer mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn.
Weider Informatioune zum Programm fannt Dir hei.