Steve Aoki zu LëtzebuergDJ, Showman… an de Mann mam Kuch

Céline Spithoven
De Steve Aoki ass ee vun de bekanntsten DJe weltwäit an huet een Optrëtt nom aneren. An dat elo och rëm zu Lëtzebuerg.
De Steve Aoki 2023 an der Rockhal.
De Steve Aoki 2023 an der Rockhal.
© RTL

De Steve Aoki gehéiert zu de bekanntste DJe vun der elektronescher Danzmusek (EDM). Gebuer 1977 zu Miami, huet hie schonn an de spéiden 1990er Joren ugefaange Musek ze maachen an Eventer ze organiséieren. 1996 huet hie säin eegene Label Dim Mak Records gegrënnt, iwwer deen hien an aner Kënschtler hir Musek verëffentlecht hunn.

De Steve Aoki ass ee vun de bekanntsten Djs weltwäit an huet een Optrëtt nom ane

Mat der Zäit huet den Aoki sech ëmmer méi an der EDM-Zeen etabléiert. Den internationalen Duerchbroch koum an den 2010er Joren ënner anerem mat sengem Album Wonderland, dee souguer fir e Grammy nominéiert gi war. Hien huet mat ville Staren zesummegeschafft an Hits wéi Boneless oder Waste It On Me produzéiert.

Bekannt ass den Aoki awer net nëmme fir seng Musek, mee och fir seng extrem energesch Live-Showen. Op der Bün gëtt gefeiert, gesprongen an heiansdo och Crowd-Surfing gemaach. Säi bekanntste Markenzeechen ass awer dat sougenannte Caking: dobäi gehäit hie Kuch an de Public – eng Traditioun, déi aus enger spontaner Promo-Aktioun bei enger Show entstane war an haut zu all Aoki-Show dozou gehéiert.

© RTL

Kuerz gesot: de Steve Aoki ass net nëmmen DJ, mee Entertainer an Energiepak. Ronn 200 bis 250 Optrëtter huet hien d’Joer an iwwerzeegt mat Beats, spektakuläre Showen an der klenger Chance, dass een no sengem Concert mat Kuch am Gesiicht heem geet. Den 20. Mäerz 2026 kënnt hien op Lëtzebuerg fir eng exklusiv Show am GRIDX zu Wickréng. De Concert soll bis an d’Nuecht eran daueren.

2023 an der Rockhal
2023 an der Rockhal
© RTL

Back to Top
CIM LOGO