
Zënter sengem internationale Duerchbroch viru ronn zéng Joer mam Hit “El mismo sol” ass den Alvaro Soler aus der europäescher Pop-Zeen net méi ewechzedenken. Grouss ginn ass hien zu Barcelona mat enger spuenesch-belscher Mamm an engem däitsche Papp, dunn ass d’Famill a Japan geplënnert an haut lieft a schafft hien zu Berlin, tourt duerch ganz Europa an dat mat spuenescher Musek.
Mat sengem neien Album wollt de Sänger bewosst eppes anescht maachen: kee Mix vu Lidder, mee eng Zort musikalesch Rees. “Ich wollte halt ein Album machen, der von Anfang bis Ende Sinn ergeben hätte und dass man eben von dem ersten Song ein Intro hat, dann geht’s rein. Ich meine, es ist eher wie eine ganze Geschichte und das ist für mich dann am Ende genauso wie ein Weg.”
Den Titel “El Camino”, also “de Wee”, ass dofir och net zoufälleg gewielt.
“Ich finde, ich vergleiche mein Leben immer mit einem Weg und deswegen… Und ich hatte sogar einen Song, der im ersten Album El Camino hieß und es sind gerade zehn Jahre auch seit dem ersten Album, irgendwie hat sich gefügt und dann dachte ich, komm, es muss einfach El Camino heißen.”

Vill Lidder um Album baséieren op ganz perséinleche Momenter aus sengem Liewen. Fir den Alvaro Soler ass dat och déi éierlechst Manéier Musek ze maachen.
Op “El Camino” geet et ëm Reesen, Inspiratiounen aus anere Kulturen, mee och ëm ganz emotional Themen. Zum Beispill schwätzt hien an de Lidder iwwer de Verloscht vu sengem Grousspapp oder d’Gebuert vu senger Duechter.
“Ich hatte damals mich nicht getraut, Sachen zu zeigen, wie zum Beispiel die Geschichte von dem Tod von meinem Opa oder die Geburt von meiner Tochter. Und das ist beides in dem Album.”
Fir vill Fans kléngt seng Musek no Summer, Sonn a Vakanz – e Bild, dat de Sänger gutt novollzéie kann. “Ich glaube, für Länder, die nicht Spanien sind, fühlt es sich natürlich so an. In Spanien hört es sich so an wie normale spanische Popmusik. Aber ich kann es voll verstehen, weil natürlich viele von euch nach Spanien kommen im Urlaub und im Sommer. Und da meine Musik auf spanisch ist wird das oft assoziert.”
A genee dat Gefill wëllt hien och op der Bühn vermëttelen. “Unsere Konzerte sind manchmal einfach eine kleine Dosis an Urlaub oder eine kleine Dosis an Spaß, an guten Vibes, die man eben haben kann, ohne dass man da hinfliegen muss.”
Fir seng aktuell Tour huet den Alvaro Soler seng Show komplett nei opgebaut. Och d’Setlist ass vun Null un nei zesummegestallt ginn. Hie freet sech schonn op ganz vill besonnesch Momenter an natierlech och op de Public
De 26. Abrëll kënnt hien zeréck op Lëtzebuerg a kuckt op seng Erliefnisser an eisem Ländchen zeréck. Hie géif sech u seng Optrëtter hei nämlech nach gutt erënneren.“Luxemburg ist ja echt ein toller Ort. Und ich finde, die Leute in Luxemburg haben immer mega Energie. Man merkt einfach, dass dieses Internationale da ist und meine Texte von vielen verstanden werden.”
A genee dowéinst géif hien och ëmmer rëm gären zeréck kommen.