Nei um RadioRTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit

Bob Konsbruck
Vun dësem Sonndeg u reest de Radio all Sonnden tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© RTL Grafik

Lauschtert all Sonnden déi erfollegräichst Lidder aus engem bestëmmte Joer a gewannt mat e bësse Chance en DAB-Radio. Dëse Sonnde geet et lass mam Joer 1986, e Joer dat net nëmme vill Musek ze bidden hat.

Do war zum Beispill d’Fussballweltmeeschterschaft a Mexiko, en Tournoi dee Fussball-Geschicht geschriwwen huet, ënnert anerem wéinst enger Hand. Dëst Joer, genee 40 Joer méi spéit, gëtt en Deel vun der Weltmeeschterschaft och a Mexiko gespillt, mat am ganzen 48 Ekippen. Deemools war et genee d’Hallschent; 24 Länner hunn deemools ëm d’Coupe gespillt, dorënner England, Däitschland a selbstverständlech Argentinien dat um Enn neie Weltmeeschter am Fussball ginn ass.

Mat 3-2 hu sech d’Argentinier an der Finall géint Däitschland duerchgesat, d’Goler vum Rummenigge a Völler sollten net duergoen. Fir d’Argentinier hu Brown, Valdano a Burruchaga markéiert. An och wann hei den Diego Armando Maradona sech net mat engem Gol veréiwegt huet, sou war et awer definitiv seng Weltmeeschterschaft. Als Kapitän huet hien d’Argentinier duerch den Tournoi geféiert a virun allem an der Véierelsfinall géint England Geschicht geschriwwen. Do war nämlech net nëmme säi Solo iwwer d’Hallschent vum Terrain bei deem de Maradona 5 Géigespiller ausgespillt huet, mä virun allem säi Gol an der 51. Minutt. De Ball kënnt héich an de Strofraum, de Maradona spréngt an dréckt de Ball mat der Hand an de Gol. E VAR gouf et deemools nach net, duerfir dann d’Hand Gottes.

Hitmaschinn 1986: WM Mexiko

© VLADIMIR REPIK / AFP

Et goufen awer och manner schéi Momenter. Et war den 26. Abrëll 1986, kuerz no hallwer Eng moies, wéi am Atomkraaftwierk Tschernobyl am Norde vun der Ukrain e Versuch schifgaangen ass. Eng Kombinatioun aus technesche Feeler, awer och Mënschlechen, huet dozou gefouert, datt de Reakter 4 explodéiert ass – eng Explosioun, déi ee vun de gréisste nuklearen Accidenter an der Geschicht ausgeléist huet.

Direkt no der Katastroph sinn d’Pompjeeën ouni déi néideg Schutzkleedung op d’Plaz geschéckt ginn, vill vun hinne stierwen an deenen éischten Deeg un der staarker Stralung.

Déi radioaktiv Wollek déi vun Tschernobyl ausgeléist gouf, huet sech wäit iwwer d’Grenze vun der deemoleger Sowjetunioun gezunn. A ganz Europa goufe Wäerter gemooss, déi vill méi héich ware wéi iwwerhaapt fir méiglech gehale gouf.

D’Katastroph vun Tschernobyl huet net nëmmen d’Liewe vun Dausende verännert, Si huet och d’Politik vun der Atomkraaft weltwäit op d’Kopp gestallt. Bis haut bleift d’Géigend ronderëm de Reakter an der Ukrain eng Spärzon – e staarkt, rouegt Monument un d’Gefore vun der nuklearer Energie, wa se ausser Kontroll geréit.

Hitmaschinn 1986: Tschernobyl

1986… e Joer, an deem d’Kinossäll nach voller Zigarettendamp waren, d’Videokassetten haten hire grousse Boom, an Hollywood huet ee Film nom anere produzéiert.

Groussen Erfolleg hat deemools Top Gun. Mat sengem jonke Tom Cruise an engem Soundtrack, deen nach haut op all 80er-Playlist opdaucht.

Am selwechte Joer huet Aliens, d’Fortsetzung vum Ridley Scott sengem Science-Fiction-Horror, de Publikum an d’Kritiker iwwerzeegt. De Regisseur James Cameron huet eng nei Dimensioun an dee Genre bruecht: méi Action, méi Spannung – an eng Haaptfigur, d’Ripley, déi haut als ee vun de stäerkste weibleche Charaktere vun der Filmgeschicht gëllt.

Et gouf awer och Komedie: Ferris Bueller’s Day Off huet de Leit gewisen, wéi een als Teenager mam Liewen ëmgoe kann an dobäi d’Schoul einfach op der Säit léist.

Net ze vergiessen: Platoon. De Krichsdrama vum Oliver Stone huet 1986 den Oscar fir de Beschte Film gewonnen. Mat enger brutaler Éierlechkeet huet en d’Traumae vum Vietnamkrich gewisen.

Egal ob Action, Science-Fiction, Komedie oder Drama – et war e Joer mat Filmer déi bis haut Kult sinn.

Hitmaschinn 1986: Filmer

Back to Top
CIM LOGO