
Méi wéi 100 Joer huet et gedauert, bis dat schweedescht Wierderbuch fäerdeg ginn ass. Ganzer 140 Joer huet déi komplett Erfaassung vun der schweedescher Sprooch gebraucht. De leschte Band vum Wierderbuch vun der Schweedescher Akademie wier d’lescht Woch an d’Dréckerei geschéckt ginn, sou den Editeur Christian Mattsson. “Et gouf 1883 ugefaangen an elo si mir fäerdeg.”
D’Wierderbuch dokumentéiert d’schweedesch Sprooch vu 1521 u bis haut. Domat huet dat schweedescht Wierderbuch u sech de gläiche Stellewäert wéi den Oxford English Dictionary a Groussbritannien. D’Wierderbuch gouf vun der Schweedescher Akademie opgesat, déi all Joer och de Literaturnobelpräis verdeelen. Am Ganzen ëmfaasst et 39 Bänn mat 33.111 Säiten.
Am Laf vun de Joren hätten 137 Vollzäitaarbechter um Laangzäitprojet geschafft. Trotz dëser wichteger Etapp ass d’Aarbecht awer nach laang net ofgeschloss. D’Bänn mat de Buschtawe A an R sinn antëscht esou al, dass si schonn nees iwwerschafft musse ginn, fir och méi modern Wierder opzehuelen.
Wéi laang dat wuel nees brauch...?!